Brisboishaff
Regional - Nohalteg - Aartgerecht

Brisboishaff - Iwert eis


Den landwirtschaftleche Betrib BRISBOISHAFF gëtt an der 4. Generatioun vum Jessica an Andy Brisbois zu Bäreldeng gefouert. Den, am Joer 2009 nei ausgesidelten Haff befënnt sech zweschen den Uertschaften Bäreldeng an Steesel um Territoire vun der Gemeng Walfer.

 

Et handelt sech em en familiär gefouerten Meschbetrieb mat Mammenkouhaltung vun den Rassen Limousin an Angus, Ochsen-/Stéiermascht souwéi Ackerbau zur eegener Fuddermëttelhierstellung. D´Mammenkei grasen zesummen mat hiren Källefcher an Ranner vum Fréijoer bis an den Hierscht eran dobaussen ob den groussflächegen Weeden. Di kal Wanterméint verbréngen si am modernen, hellen Stall op Stréi an gi mat, op den eegenen Fläche produzéiertem Hee, Gras-/Maissilo an Kären bäigefiddert.

 

Seit Juli 2020 vervollstännegen och Hénger d Bild vum Brisboishaff. Eng kleng Grupp Hénger, zesummen mat hieren Hunnen  gin ënnert natierlechsten Bedingungen dobaussen an der Wiss, mat hellef vun engem mobillen Héngerstall, gehalen. Duerch dat einfacht versetzen vum Stall, wiesselt den Auslaf vun den Hénger reegelméisseg, sou dass si ëmmer frëscht, säfteg Gras fir ze Picken oder einfach ronderëm ze Flitzen zur Verfügung hunn.

 

 

Betriebsspiegel – Kurz an Knapp

Landwirtschaftlechen Familljebetrib an 4. Generatioun

Ronn 160 Hektar landwirtschaftlech Notzfläch

Dovun ¼ Ackerland an ¾ Dauergrengland

Um Ackerland gëtt Fuddermëttelproduktioun bedriwwen

Ronn 130 Mammekéi vun den Rassen Limousin an Angus

Ausmascht vun den eegenen Stéieren souwéi Ranneropzuucht

 300 Hénger an mobiller Freilandhaltung


  • Mobilstall mit huhnern
  • 1 huhn2
  • Mobilstall Ausgang huhner
  • Mobilstall unten mit hühnern aussen
  • 2 huhner
Stall Hühner Seite
Ziege Huhn Stall
Mobilstall innen_1
Mobilstall unten mit hühnern aussen_1
Hühner Hecke unten
Hühner gut unten
Hahn Henne besser
gruppe hÜhner
2 huhner



  

Hof
Melanie
Angus mit Sonnenblume
Angus mit Kalb
Winterquartier der Jungrinder
Winterquartier der Rinder
IMG_1079
Stall
Stall Futtertisch Heu 2
Stall Futtertisch Heu
Stall Limousin Stroh
IMG_1091