Brisboishaff
Regional - Nohalteg - Aartgerecht

Eis Produiten 

BRISBOISHAFF – Well mer wëssen wëllen wou et hierkënnt

 

Wëllt dir eng regional, klengbäuerlech Landwirtschaft ënnerstëtzen? Wëllt dir mat guddem Gewëssen an Respekt virun den Liewewiesen landwirtschaftlech Produkter konsuméieren?

Dann gitt mat eis zesummen nei Weeër an der aartgerechter Déierenhaltung an entscheet Iech fir eis Produkter.


Mir verkaafen ennert annerem Eeër an Angus Rëndsfleesch



Eisen Haffbuttek

23, rue Michel Lentz zu Bäreldeng - uewen beim Haff


Bei eisem Haff fënnt een niewent eisem Verkaafsfrigo och een Haffbuttek, wou mir Produkter aus eegener Produktioun souwéi Produkter vun lokalen Berufskollegen verkafen.


Dësen Haffbuttek ronderëm d Auer (7/7 Deeg 24/24 Stonnen) am Selbstbedienungssystem op. Bezuelen kann mat Boergeld an enger Kees oder via Digicash (Payconiq).


Vun eisem Haff fannt dir hei ënnert anerem:

• Fleesch vun eisen Béischten, portionéiert an sous-vide angepackt.

• Fäerdegen Gulasch, Bolognaise an Emincé am Glas vun eisem Rëndsfleesch

• Eeër an Eeërprodukter wéi eis Nuddelen an Zoppennuddelen

• Zoppenhinger

• Zäitweis fäerdegen Vol-au-Vent vun eisen Zoppenhinger

• Verschiddend Geméis  an Uebst souwéi Gebeess


Desweideren verkafen mir ënnert anerem:

• Verschidden Zorten Jus, Ueleg an Esseg aus regionaler, artisanaler Hierstellung

• Hunneg vun engem lokalen Produzent

• Geméis an Uebst aus regionalem Ubau

• Gewürzer an Téi aus enger klenger daitscher Manufaktur

• An villes méi…




 

 Frësch Eeër vun Hénger aus Freilandhaltung


  • 3 PÜrodukte zugeschnitten
  • Produkter
  • Huhn Eier6er und Kiste
  • Nuddelen Karen
  • Nuddelen


 


 

 

Seid kuerzem hu mir nei Matbewunner bei eis um Haff. Eng kleng Grupp Hénger zesummen mat hiren Hunnen gin ënnert natierlechsten Bedingungen op der grénger Wiss, mat Hëllef vun engem Mobilstall gehalen.

Eis gefiedert Zweebeener beliwweren eis och all Dag mat gudden Eeër, di mir all Dag frësch an eisem Eeërhaischen um Haff, sou wéi an ausgewielten Geschäfter verkafen.

 

Sou geet aartgerecht Déierenhaltung!

Freilandhaltung iwwert ganz Joer mat Hëllef vun engem mobillen Héngerstall – No Belieben Auslaaf op der grénger Wiss oder Schutz am sécheren, komfortabelë Mobilstall


Duerch dat einfacht Versetze vum Stall steet den Hénger ëmmer frëscht, säftegt Gras fir ze Picken, ze Scharren oder einfach ronderëm ze Flitzen zur Verfügung

 

Mat Respekt virun dem Déier!

Kleng Gruppe vun Hénger zesumme mat hiren Hunnen

Natierlech a wesensgerecht Haltung

GVO-frei, natierlech Fidderung

 

Genoss mat guddem Gewëssen!

Nohalteg Produktioun mat Respekt virun Natur an Déier

Verzicht op Antibiotik

 

Wëssen wou et hierkënnt!

Regional Produktioun vun Heiheem

                                                               Komplett Transparenz

  • Stall gras huhner
  • huhner gras nahe
  • Huhn Schnee
  • Mobilstall mit huhnern
  • 2 huhner


 

Ob Bestellung - Frëscht Rëndsfleesch vun eisen Angus Béischten.


Wann dir op der Sich no regional an nohalteg produzéiertem Rëndsfleesch sidd? Wann der wëssen wellt wou är Liewensmëttel hierkommen? Wann Deierenwuel Ierch um Härz leit? Dann sidd der bei eis un der richteger Adress. Kaaft Fleesch direkt vun eisem Haff!


E puer mol am Joer loossen mir eent vun eisen Angus Ranner schluechten an verkafen Fleeschkëschten vun 15-25 Kilo fir 18 Euro den Kilo. An dësen Këschten sinn ënner anerem déi üblech Saachen wéi Brot, Steak, Wäinzoossiss, Chiliknacker, Burger, Rouladen, Zoossiss, … Des Produkter sinn Vakuum verpaakt, beschrëft an soumat fäerdeg fir anzefréieren. D´Këschten kritt dir vun eis geliwwert.

An den Summerméint loossen mir och Grillkeschten produzéieren, wou speziell Grillspezialitéiten aus Fleesch vun eisen Angus Beischten dran sin.


Wann Dir un enger vun dësen Fleeschkëschten interesséiert sidd, dann sot eis Bescheed an reservéiert Iech eng. Dëst kennt Dir iwwert d´Kontaktformular op dëser Seit machen oder eis eng Email op info@brisboishaff.com schécken. Soubal mir genuch Clienten zesummen hunn fir een ganzen Béischt ze verwärten, lossen mir d´Keschten preparéieren.



 

Zur INFO:

Angus ass eng Fleeschrannerrass, die ursprénglech aus den Küsteregiounen vun Schottland kennt. Seid den 1920er Joren ass se awer och an Mëtteleuropa sesshaft. D´Angus Kéi si mëttelgrouss, schwaarz oder rout an genetesch Hornloss. Am Charakter si se extrem guttmiddeg, hunn awer trotzdeem en extrem ausgebilten Mammenreflex, këmmeren sech deemno gutt em hier Kaalwer an beschützen se am Noutfall.

D´Angus Fleesch zielt weltwäit zu den schmackhaftesten an nobelsten Rëndsfleeschzorten. Déi extrem gutt Fleeschqualitéit weist sech ënnert anerem duerch dat extrem marmoréiert an zaart Fleesch. 

  • Angus alleine
  • Angus auf der Wiese
  • Angus mit Kalb gross
  • Angus mit Kalb
  • Angus mit Sonnenblume
  • IMG_0367
  • IMG_0369
  • IMG_0370
  • IMG_0373
  • IMG_0371



Fleeschreservatioun

Reservéiert op deser Platz äert Fleesch. Soubal mir genuch Clienten zesummen hunn fir een ganzen Béischt ze verwäerten, loossen mir d Këschten preparéieren.